60

Dimas @ LAR - 03.03.2020

Plus de photos

Dësen Dënsden 03.03.2020 waren mir elo déi leschten Visitt fir dëst Joer mat eiser DIMAS Klass maachen. Et ass bei d'Luxembourg Air Rescue (LAR) gaangen. Vun immens sympatheschen LAR-Mataarbechter, een dovun selwer LAR-Pilot, kruten eis Schüler deen groussaartegen LAR-Site mat hiren "neien" Hangar'en déi mëttlerweil um Findel opgeriicht goufen, presentéiert an sämtlech Froen beäntwert déi een nëmmen konnt hunn. Matt 6 Helikopter an 6 Learjet hunn déi LAR-Schutzengelen do jo Tatsaach soss näischt ze dinn, ewéi den ganzen Dag aneren Leit d'Liewen ze retten!! Esou goufen mir Zeien, wei schnell et geet wann een Noutruff eran geet! Et dauert net emol 2 Minuten bis si mat hirem Helikopter prett sinn fir den Start. Bannen maximal 10 Minuten kennen si all Punkt vun Lëtzebuerg erreechen ...

START 2020 03 03 Dimas LAR 300x200

 

... Awer net nëmmen dem Helikopter, mee och engem vun hiren Learjet'en konnten mir bei der Präparatioun ob eng Missioun nokucken. Dobäi kruten mir den Jet och vun bannen ze gesinn. Mir waren also hautno dobäi!! Esou guer säin Start konnten mir schlussendlech aus der aller éischter Rei um Findel mat ukucken.

Beandrockend och déi grouss Hal fir d'Maintenance vun esouwuel dem Helikopter ewéi och den Jet'en. Déi Maintenance mëscht d'LAR un hiren Maschinnen mat hirem zertifiéierten Personal all selwer.

Een ganz groussen Merci, léiw LAR, esouwuel vun eisen Schüler, dem Wëlzer Lycée an der LFTA (Luxembourg Flight Training Academy), dass Dir eis déi Visite do méiglech gemaach hutt.

Vill weider Informatiounen fannt Dir ob dem Internet Site vun der LAR.


Retour à la page précédente