Selfie-Concours - 04/05.2016
Am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur 2016 huet eise Lycée ee grousse Concours organiséiert fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren. D’Schüler waren invitéiert hier Liiblingsbicher a Form vun engem flotte Selfie ze presentéieren. D’Fotografe sollten natierlech hirer Fantasie freie Laf loossen a méiglechst originell Biller maachen. Och Klasseselfie ware wëllkomm. Als Präis gouf et Bicher déi d’Gewënner sech selwer konnten aussichen. Di glécklech Gewënner sinn: d’Maimouna Camara, d’Aileen an d’Jessica Spaus, d’Lena Kraus an d’9PR1 |