60

2TPCM du LN: double vainqueur - 09.12.2020

Plus de photos

Seid Ufank des Joers schafft 2TPCM aus dem LN un hirer 'Entreprise d'Entraînement' BE(E) HONEY. Eng fiktiv regional Entreprise, där den "développement durable" immens um Häerz léit, an déi, zesumme mat hire Clienten, d'Natur an d'Béie schütze well. Vun der Idee iwwert Konzept, de Katalog an d'Marketingstrategie, hunn si probéiert dee bescht méigleche Projet auszeschaffen.

Dat sollt hinne geléngen. Dëse Mëttwoch, 9. Dezember 2020, war erëm déi alljäreg „Foire des Entreprises d'Entraînement“ vun den 2TPCM'en uechtert d'Land, organiséiert vun de „Jonk Entrepreneuren Luxembourg“ ...

START 2020 12 09 2TPCM 300x200

... 25 Ekippe sinn do digital géinteneen ugetrueden. Et war net einfach wëll vill Klassen uechtert Land gutt Projete virgestallt hunn a motivéiert hier Produiten a Servicer präsentéiert hunn.

5 Präisser goufe verdeelt: De "Prix du Développement Durable", de "Prix de l'Innovation", de "Prix du Meilleur Dossier & Catalogue", de "Prix de la Meilleure Vidéo et Campagne Marketing" an de "Prix de la Meilleure Pratique Commerciale".

De "Prix du Développement Durable" an den "Prix de la Meilleure Vidéo et Campagne Marketing" goufe vu BE(E) HONEY gewonnen. BE(E) HONEY hutt also domat 2 vu 5 Präisser gewonnen, a war dernieft och nach beim „Prix du Meilleur Dossier & Catalogue“, souwéi beim „Prix de la Meilleure Pratique Commerciale » ënnert deenen 3 beschte Gruppen nominéiert an dat bei 25 Konkurrenten.

Elo gëllt et, weider alles ze ginn, vir um Ënn vum Joer de Preis vun der "Meilleure Gestion Journalière" an der "Meilleure Entreprise d'Entraînement" och nach op Wolz ze bréngen.


Retour à la page précédente