'Scienteen’s Lab' @ LN - 01.2021
Plus de photosVisite vun de Chercheure aus dem “Scienteen’s Lab” Et ass schonn eng Traditioun, dass d’Optioun Sciences vun der Ire ob Belval an den LCSB (Luxembourg Center for System Biomedicine) an den Scienteen’s Lab geet, fir do an engem flotten Dag d’Liewen vun de Chercheure méi genau kennen ze léieren an och een flotten TP am Kader vun der Gentechnik ze maachen. Wéinst Corona ass awer alles aneschter, an dowéinst koumen dunn d’Chercheure einfach bei eis an den LN ... |
... D’Maren Krüger an den Philip Georgen hunn dunn hiren Labo mat bei eis bruecht, an d’Schüler konnten dunn ënnert hirer Leedung eng PCR duerchféieren (Polymerase Chain Reaction) déi iwwregens jo bekannterweis och fir den Covid-Test benotzt gëtt. Hei hunn mer DNA vun Bakterien, déi UV Stralung wärend enger bestëmmter Zäit ausgesat woren, mat der PCR amplifiéiert an dono per Electrophorèse siichtbar gemaach. Di eng Bakterien haten awer d’Chance, dass se mat Sonnecrème ob hiren Petrischuelen geschützt woren, an di aner awer nitt. |