60

Visite vun der Biennale des Métiers d‘art - 25.11.2021

Plus de photos

Visite vun der Biennale des Métiers d‘art 'De Main de Maître' - Optioun Konscht

Et as fir d’Optioun Konscht, mee sportlech as et och: fir zur Zäit den Zuch ze kréien, fir zur Zäit an der Ausstellung ze sin, fir zur Zäit de ganze Quai um retour of ze laafen ier en da kann mam richtegen Zuch heem fueren ... E puer Schüler mussen och an der Geografie nach eng Zousaz-Épreuve man, well si haten sech no der Iessenspaus verlaf an hun de Wee nët grad zur Zäit erëm fonnt ... mee schlussendlech konnte mer all dat schéint Arbed-Gebai (och wa just nach di e bësse manner jonk Generatioun et esou nennt - haut gehéiert et der Spuerkeess an heescht einfach 19, Liberté) um Rousegäertchen betrieden, wou schon eng Guide fir d‘visite guidée op eis gewart huet ...

START 2021 11 25 Optioun Konscht 300x200

 

... D‘Ausstellung huet di verschiddenste Formen vu Konschthandwierk an engem wonnerschéine Kader présentéiert. Di eenzel Konschtwierker a Konschtgéigestänn weisen, wei handwierklecht Können a kënschtleresch Kreativitéit op eng bewonnerenswäert Manéier verschmëlzen.

Den Thema vun der Biennale des Métiers d‘art as dëst Joer „Viv(r)e la matière“, an als Zwëschentoun d‘Iddi vum Re-an Upcycling vun de verschiddensten Materialien. Esou gesäit een zum Beispill Couture-Créatiounen aus Fragmenter vun CD‘en a Plastik, Pyro-Chimio-Peintures op Koffer, Arbechten aus Filz, Keramik oder Parzeläin, fir just e puer Texturen opzezielen, aus denen Kleeder, Hitt, Luuchten, Bijouen , Vasen oder Dekor-Objet’en entstane sin.

Den Echo vun de Schüler a Schülerinnen war och ganz positiv, e puer wollten der esou guer nach dëse Weekend, ier d’Ausstellung hir Diren zou mecht, nach eng Kéier dohinner goen fir sech an aller Rou alles nach emol mei am Detail un ze kucken.


Retour à la page précédente