60

Klasse fanne sech - 7STP4 - 26.10.2016

START 2016 10 26 Klasse fannen sech 7STP4 300x200

Am Kader vum Projet Klasse fanne sech ass d’7e STP 4 de 26. Oktober 2016 mat hirem Régent, dem Här List, a mat der Madame Anne-Marie Stomp aus dem SPOS op d’Base Nautique (Lëltz) gefuer. D’Zil vun dem Projet besteet doran, dat di nei Septièmesschüler sech ënnerenee besser kenne léieren a sech als Grupp erëmfannen.

Plus de photos

Natirlech huet den Här List als Geo- a Geschichtsprof e Stopp mam Bus op der Staumauer gemaach. Dass hei d’Sauer gestaut ass an vun hei d’Drënkwasser hirkënnt hun eng Réi Schüler lo grad mol entdeckt. Klammen stoung moies um Programm. Dobäi ass d’Vertrauen an d’Responsabiliteit vun deenen zwee Klammpartner ganz wichteg! Deen een oder deen aaneren hat et mat der Héicht nët sou drop an e bësselche Muckien muss een schon hun fiir wéi eng Klammspann do d’Wand eropzeklammen.
Nom Mëttegiessen an der Jugendherberg ass et dunn op en Orientéierungsspill gaang. Mat GPS-Apparaten hun d’Schüler Geocachen gesicht. Dobäi ass och de grousse Kanu agesaat gin, wou de Régent als Stéiermann probéiert huet d’Riicht ze behalen. Am Final-Cache war e Fotoapparat, wou d’ganz Equip eng Erënnerungsfoto gemaach huet.

Retour à la page précédente