André Bauler @ LN - 24.06.2022
Plus de photosDëse Freideg war de Chamberdeputéierten André Bauler am Lycée du Nord, fir an enger Table ronde iwwer zwee wichteg Sujeten aus der Aktualitéit ze schwätzen : den Ukrainkrich an den Ausgang aus der Coronakris. Befrot vun enger Delegatioun vun eisen "Junior Ambassadors" vum "European Parliament Ambassador School Program", huet den Här Bauler de Schüler seng Point de Vuen kënnen erklären iwwer d'Zesummenhäng a méiglech Konsequenzen vun den aktuellen Problemer. |
|