Den Sportausfluch vun den 3èmes-Klassen op Leltz, op d’Base nautique, huet dëst Schouljoer den 26. an den 28. Abrëll stattfonnt.
D‘Schüler konnten tëschent enger Rei vun flotten Sportaktivitéiten wielen. Um Waasser gouf Kajak, Stand-Up-Paddling an mam Kanadier fueren ugebueden. Am Bësch stoung Geocaching an Mountainbike um Programm.
Um Enn vun dësem Dag an der Natur hat all Schüler zwou vun den opgezielten Sportaktivitéiten kennegeléiert an konnt sech mat senger Klass iwwert dëst sportlecht Erliefnis austauschen.
|