Biologie Olympiade 2020-21 - Qualification - 27.01.2021
Emma Drees vun der 1BC mat super Resultat! An der Epreuve de Qualification vun der Biologiesolympiade, déi speziell un d’Schüler vun den iewechten C-Klassen geriicht ass, hot sech d’Emma Drees vun eiser 1CLC ob die exzellent 6. Plaatz ënnert méi wi 200 ageschriwwenen Schüler bruecht. Wéinst Corona gouf des Epreuve online durchgefouert, mat der strenger Surveillance vun eisen Enseignants Simone Roemer an Arny Weber. Eis Schüler vun der 3CLC hun sech och wacker geschloen, mee konnten et awer leider net packen fir weider ze kommen. Den 10. März geet et fir d’Emma an d’Halleffinale, an mer wënschen him lo schon Bonne Chance. |