Dimas @ Luxair - 04.02.2020
Plus de photosDen 4.02.2020 hun mir mat eiser DIMAS Klass (Diplôme d’Initiation aux Métiers Aéronautiques et Spatiaux) eng Visite bei der Luxair gemaach. Mat hiren em déi 3000 Matarbechter aus allerlee Beruffssparten ass d'Luxair een groussen an interessanten Aarbechtsgeber hei am Land. Mir kruten bei hinnen d'Karriär vum Fligermechaniker, déi vum Pilot an déi vun der Cabin-Crew méi am Detail virgestallt. An hirem "training center for pilot and cabin crew" steet eng extra amenagéiert Kabinn vun enger Boing 737 an där all méiglech Scenarien kennen trainéiert ginn: Bekämpfung vun Feier un Bord, Evakuatioun vun den Flugpassagéier iwwert d'Noutrutsch, Ëmgang mat aggressiven Passagéier an Villes méi. Des Kabinn mat en puer Noutverfahren goufen eis do demonstréiert an natierlech huet missten eng Noutevakuatioun iwert d'Rutsch dobei sinn. Een ganz groussen Merci un all Acteur deen des Visitt méiglech gemaach huet. Virun allen natiirlech un d'Luxair selwer. |
|