Visite vum Europaparlament - 1DG, 13CG - 07.02.2017
Dasdes, de 7. Februar 2017 hunn d'Klassen 1D, 1G an 13CG zesummen d’Europaparlament zu Bréissel besicht. Mir woren als eischt an de Parlamentarium, wou eis Europa a seng Geschicht erkläert an d’Geschicht vum Europaparlament virgestallt goufen. Mëttes hu mir eis mam Europadeputéierte Charles Goerens getraff, deen eis op eis Froe geäntwert huet. Zum Ofschloss vun der Visite si mir nach den Hemicycle kucke gaang. Nodeems mir d’Stat nach besicht hunn, si mir dunn zeréck op Wolz gefuer. |