De Kleesche wor am LN - 02.12.2016
Den 2. Dezember koum de Kleeschen an de Lycée du Nord. Hien huet sech scho fir d’Moiespaus an der Proffekonferenz ugemellt an dunn e puer Enseignanten an d’Gebiet geholl. An der Nomettespaus haat hien säin Optrëtt am Forum virun de Schüler. Durno koumen d’Deuxièmen an d’Douzièmen an de Forum, wou de Kleeschen seng Litanei opgesoot an och nach e puer Enseignanten an d’Gebiet geholl huet. |